"Souwuel d'Kanner, sou wéi ech och hunn et wirklech interessant an immens witzeg fonnt". Frank Frisch (Schoulmeeschter Luxembourg Ville)
"Geschicht eemol anescht! Vun der éischter bis déi lescht Sekonn witzeg, spannend a léierräich! De Schräiner Biver hëlt d'Kanner mat a säi Liewe vu virun 200 Joer. Zwou Welte prallen do openeen ... mat ganz spontanen, deels lëschtegen awer och munneg kritesche Reaktioune vun de Kanner. Super flott!!!". Fernand Felten (Schoulmeeschter Cycle 4.1 vu Käerjeng)
"De Schräiner Biver bréngt de Kanner op eng witzeg Manéier den Alldag vun de Lëtzebuerger vu fréier méi no. De Musée gëtt liewech an d'Kanner verstinn déi ausgestallten Géigestänn besser. Nach Wochen dono schwätzen sie vun dem flotten Erliewnis". Isabelle Clees (Léierin Klass 2.2 Schoul Péiteng Eigent)
"Ech war de Mueren mat ménger Klass am Musée beim Schräiner Biever an mir hunn et all genial fonnt. D'Kanner waren super begeeschtert an ech hunn et immens fonnt wéi d'Kanner mat abezunn waren an d'Stéck. Ech hunn och déi schauspilleresch Leeschtung vum Lex super fonnt. Ech hunn et och super fonnt wéi d'Kanner reagéiert hunn, z.B. sou Aussoen zum Auto: "an der Zukunft wärs du gesinn dass et dat gëtt, waard mol of" Op alle Fall eng super Manéier fir de Kanner d'Geschicht ze erklären". Carole Eyschen (Léierin Cycle 3.2 Käerjeng)
"Als Bauingenieur a Prof aus dem LJBM wor ech mat enger 13ième Bautechniker mam Schrainer Biver am musée ennerwee wou hien ons villes iwer Holzverarbechtung erzielt huet an ons erklärt huet wou Begreffer wei < den Heel ophänken > hirkommen dei haut nach um chantier gebraucht gin.Dem Schrainer Biver seng Begeeschterung fir seng Arbecht as op ons eriwer geschwongen an Stonn ze schnell verflunn". Chrëscht Cornette (Schoulmeeschter 13ième LJBM Mamer)